Wat Waren Mir?

Ass nach guer net sou laang hier
Do stoung ech mat Booze virun denger Dier
So mer Bro wat waren mir
So mer Bro wat waren mir
Ass nach guer net sou laang hier
Do stoung ech mat Booze virun denger Dier
So mer Bro wat waren mir
So mer Bro wat waren mir

War mol nice
Lo ass alles Schäiss
Mir hunn gebrannt
Fillen just nach Äis.
Ass dat den Präis fir den Fläiss.
Déi Zeilen sinn verschwommen
Kanns net liesen wann s du kräischs

Wann den leschten Dag
Dem Éischten net méi gläicht
War alles fir näischt
Ech weess et net. Villäicht
Du gëss mir den Feeling
Wei eng Läich
Gleef mer gutt Kolleegen
Maachen dir däin Liewen räich

Iergendwou
Hunn mir eis falsch verstaen
Hunn keng Energie
Eppes géint den Schäiss man
Och wann ech nach richteg
Ferme drun knaen
Du bass nach en gudden Mënsch
An mengen Aen

Ech hätt fir mech
Fir dech
Zu Dout geblutt
All in
Haten alles ënnert engem Hutt
Dat geet mir no
Stellen mech a Fro
D'Erënnerung gëtt gro
Mee et ass gutt
Dofir ginn ech no

Ass nach guer net sou laang hier
Do stoung ech mat Booze virun denger Dier
So mer Bro wat waren mir
So mer Bro wat waren mir
Ass nach guer net sou laang hier
Do stoung ech mat Booze virun denger Dier
So mer Bro wat waren mir
So mer Bro wat waren mir



Credits
Writer(s): Stanley Wealer
Lyrics powered by www.musixmatch.com

Link