Fir Ëmmer

Fir Emmer
D'Luuchten déi ginn aus
All Dreem sinn gedreemt
Mäin Liewen ass gelieft
Et ass Zäit fir mech ze goen
Ech hunn lo keng Kraaft méi
Keng Tréinen an keng Freed
Och wann ech lo ginn
Meng Léift bleift bei dir

Kanns du mech och net gesinn
Ech sinn dir ganz no
An dengem Häerz sinn ech
Emmer bei dir
Sief net ze traureg
Lief weider mat vill Freed
An ass et un dir
Waarden ech bei der Himmelsdier

A Gedanken gefaangen
Wierder bréngen keen Trouscht
Ech kann net méi ootmen
Ech fréieren mir ass sou kal
Wou kann ech dech fannen
So mir wou bass du elo
Komm gëff mir een Zeechen
Ech fillen mech sou eleng

Och wann ech fort sinn
Ech sinn ëmmer fir dech do
Ech sinn deen Stär
Den am hellsten fir dech liicht
Ech sinn d'Sonn
Déi all Dag fir dech laacht
Kuck lo no uewen
Dann kanns du mech gesinn



Credits
Writer(s): Laurent Brück
Lyrics powered by www.musixmatch.com

Link