Ze Spéit

Ze Spéit
Wien hutt mech beklaut
So mer wien ass den Déif
Wou ass en hin gelaf
Mat denger Léift
Jorelaang war si bei mir
Hutt mir mäin Häerz erwiermt
Kann se lo net méi spieren
Näischt wat mech nach wiermt

Du läis bei mir
Bass mir awer friem
Keng Wierder méi
Ass et ze spéit
Et deet just nach wéi
Ganz ouni Gefill
Ech paken dech un
So wëlls du net méi?

Hunn ech mech vläicht geiert
Bass du net den
Den fir mech ass bestëmmt
Mat senger Léift
So hues du däin Häerz verschenkt
Un een aneren Mënsch
Du waars ëmmer fir mech do
Lo sinn ech dir egal

Du läis bei mir
Bass mir awer friem
Keng Wierder méi
Et ass ze spéit
Et deet just nach wéi
Sou ouni Gefill
Pak mech net un
Lo well ech net méi

Wien hutt ons beklaut
So mer wien ass den Déif
Wou ass en hin gelaf
Mat onserer Léift
Jorelaang war du bei mir
Hues mech mat Léift verwinnt
Kann se lo net méi spieren
Méin Häerz dat bleift kal

Ech leien bei dir
Sinn dir lo ganz friem
Ech hunn keng Wierder méi
Et ass laang ze spéit
Ech dinn der just nach wéi
Ganz ouni Gefill
Looss mer meng Rou
An géi



Credits
Writer(s): Laurent Brück
Lyrics powered by www.musixmatch.com

Link