Alien

Alien
D'Lescht do sinn ech wakereg ginn
An hunn gemengt ech wier en Alien
Ech sot zu menger Maus
Kuck mol do ech sinn en Alien

Meng Maus déi sot
Ech hunn dech ganz vill gär
Och wann's de ausgesäis wei Een
Vun engem aneren Stär

Um Kapp do hunn ech eng deck Knupp
Wei wann ech wier ferm ageknuppt
Meng Aen déi liichten rout
Et mengt een ech wier schonn bal dout

Wann ech et net besser wéisst
Da géif ech kréien lo de Kéis
Ooh meng Maus sief mir net béis
Ech richen wei een Alien

Alien Alien
Jo ech sinn en Alien
Alien Alien Alien

Gëschter sinn ech wakereg ginn
An hunn gemengt ech wier en Alien
Ech sot zu menger Maus
Sief mir net béis ech sinn en Alien

Meng Maus déi sot
Ech hunn dech awer gär
Och wann's de mengs du wiers en
Vun engem aneren Stär

D'Mécken sinn meng beschten Frënn
Zesummen hänken mir um Krunn
Metaphysesch Illusoresch
Hypothetesch Akademesch

Ginn am Ufo d'Luuchten aus
Beamen ech mech bei meng Maus
Entschlummeren do der Wierklechkeet
An kämpfen mat der Iwwelzegkeet

Alien Alien
Jo ech sinn en Alien
Alien Alien Alien

De Moien sinn ech wakereg ginn
An hunn gemengt ech wier en Alien
Meng Maus déi war net méi do
Ech froe mech wat maachen ech lo

Meng Maus déi sot
Ech hunn dech net méi gär
Well du säifs wei Een
Vun engem aneren Stär

De Moien sinn ech wakereg ginn
An hunn gemengt ech wier am falsche Film
Meng Maus déi war net méi do
Well ech wier jo ëmmer blo

Jo do stellt sech mir eng Fro
Wann ech liichten ëmmer blo
Ass dat dann net ganz normal
Wann ech sinn en Astrostar

Alien Alien
Jo ech sinn en Alien
Alien Alien Alien



Credits
Writer(s): Laurent Brück
Lyrics powered by www.musixmatch.com

Link